Actualités

De SCRIPT um 'Relais pour la Vie'

De SCRIPT um 'Relais pour la Vie'
03/04/2023

'Tous unis': Dat war dëst Joer de Slogan vum 'Relais pour la Vie', deen no enger forcéierter Paus vun dräi Joer endlech erëm konnt en présentiel stattfannen.

Tous unis waren och déi 24 Membere vum SCRIPT déi sech ageschriwwen haten, fir eng 24-Stonnen-Ekipp ze bilden. Wärend dëser Zäit hunn si sech Dag an Nuecht ofgewiesselt, fir duerch hir sportlech Presenz Solidaritéit mat de Kriibspatienten an hire Familljen a Frënn ze weisen.

De 'Relais pour la Vie' ass déi gréisste Solidaritéits-Manifestatioun zu Lëtzebuerg a fir d’Fondation Cancer e ganz wichtege Moment am Joer. Mat 13.206 Participanten a 502 Ekippe war dëse Relais ee vun deenen erfollegräichsten an der Geschicht vun der Hëllefsorganisatioun.

An der Fotosgalerie fannt Dir e puer Impressioune vun der Participatioun vum SCRIPT um 'Relais pour la Vie'.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu