Actualités

De SCRIPT op der Schoulfoire 2.0

De SCRIPT op der Schoulfoire 2.0
02/05/2023

Vum 24. bis de 26. Abrëll 2023 war déi 2. Editioun vun der 'D'YEP-Schoulfoire'.

De SCRIPT war fir d’Organisatioun vum Programm an den Aktivitéite fir Klassen aus dem Cycle 4 aus der Grondschoul responsabel. Hei e puer Zuele vun dësem Event:

  • Iwwer 320 Cycle 4-Klassen hate sech fir d’Aktivitéite vum SCRIPT ugemellt
  • 4 kreativ Theemewelten (Kreativitéit a Kommunikatioun, Coding a Problemléisung, Sciencen, Outdoorpedagogik a Beweegung) goufe kreéiert, fir en ofwiesslungsräiche Programm unzebidden
  • Bal 5.000 Schülerinnen a Schüler hu wärend deenen 3 Deeg um Programm vum SCRIPT deelgeholl
  • Iwwer 200 Guiden aus dem Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES) hunn déi ageschriwwe Klassen duerch d’Schoulfoire begleet
  • Bal 400 Atelieren, déi vum SCRIPT a senge Partner fir d’Cycle 4 Klassen organiséiert goufen
  • 16 Shows an der grousser Arena, un deenen iwwer 3.000 Schülerinnen a Schüler deelgeholl hunn
  • 9 innovativ Concoursen, déi an de groussen Arenen dem Public virgestallt goufen
  • 25 Stonne Live-Stream aus der Hal op dem groussen Ecran
  • A virun allem: ganz vill laachend Gesiichter wärend der Schoulfoire

Hei fënnt een nach e klenge Stëmmungsfilm, deen d’Ambiance an der Hal 7 erëmspigelt.

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu