Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum fënneften CoLab-Workshop 'Transversalitéit' ass online

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum fënneften CoLab-Workshop 'Transversalitéit' ass online
07/06/2023

Den fënneften CoLab-Workshop 'Méi Transversalitéit am Plan d’études?' huet den 24. November 2022 en présentiel um eduPôle Walferdange an den 29. November 2022 online iwwer Teams stattfonnt.

Ronn 140 Participanten aus dem Bildungsberäich hunn an dräi verschiddenen Atelieren iwwert ënnerschiddlech Aspekter vun der Transversalitéit diskutéiert, dëst am Kader vum 'Projet Plan d’études 2025'.

De Workshop gouf vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert.

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass de Rapport vun den Diskussiounen elo um Internetsite vun der Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link (ënnen op der Säit) zougänglech ass.

De Rapport ass eng Bestandsopnam vum CoLab-Workshop a gëtt d’Aussoe vun de Participanten erëm. Dëse Rapport an déi aner Rapporten sinn eng essentiell Basis, op där d’Reflexioune ronderëm en neie Plan d’études gefouert ginn.

Weider Informatioune ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu