Actualités

Webinaire um radio 100,7: Alphabetiséierung op Franséisch

Webinaire um radio 100,7: Alphabetiséierung op Franséisch
15/06/2023

De Webinaire 'Alphabetiséierung op Franséisch – éischt Abléck an en nationale Pilotprojet' geet en Donneschdeg, den 29. Juni 2023 vu 14:00 bis 15:30 Auer um radio 100,7 iwwert d'Antenn.

Mam Alphabetiséiere fänkt eng Schoulcarrière un. Dëst Fundament soll gutt geluecht sinn, fir dass et dono all weidert Wësse ka sécher droen.

Laang Zäit gouf an de Schoulen zu Lëtzebuerg op Däitsch alphabetiséiert. Well awer wäit iwwer 60% vun de Kanner, déi an d’Schoul kommen, eng aner Éischtsprooch hunn wéi d’Lëtzebuergescht, ass driwwer nogeduecht gi fir d’Alphabetiséierung och op Franséisch unzebidden.

'Zesumme wuessen!' heescht de Pilotprojet, dee vun der leschter Rentrée un (2022-2023) a véier Schoulen ugelaf ass. No bal engem Schouljoer kann een also éischt Erfarungen deelen, Froen déi sech virun dëser Rentrée gestallt hunn beäntwerten an natierlech e Bléck an d’Zukunft geheien: op den C3, deen zu Schëffleng vun der Rentrée 2024-2025 wäert Franséisch alphabetiséiert weidergoen.

Firwat ass eng Alphabetiséierung, déi sou no wéi méiglech un déi staark Sprooch vum Kand erukënnt, wichteg? Wat bréngt et de Schülerinnen a Schüler? An dem Léierpersonal?

Fir och iwwer d’Thema Alphabetiséierung fir Kanner mat logopedesche Schwieregkeeten ze schwätzen, d’Progressioun vum Projet 'Zesumme wuessen!' no der Pilotphase ze diskutéieren a Stëmmen ze héieren déi de Projet ëmsetzen, fënnt de Webinaire um radio 100,7 statt.

Gäscht am Studio sinn:

  • Marc Schmidt, Direkter vum Centre de Logopedie
  • Lynn Lagodny, Coordinatrice vum Projet 'Zesumme wuessen!'
  • Philippe Kloos, Direkter EF Regioun Suessem
  • Sarah Scholtes, Léierin am C2.1 zu Schëffleng

Umelle fir d’Formation continue kann een sech iwwer dëse Link: Description Formation - IFEN (education.lu)

Et kann een de Webinaire och iwwer de Livestream verfollegen an seng Froen eraschécken, entweder op fro@webinar.lu, oder mat enger Whatsapp op d’Nummer 621 44 00 44.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu