Actualités

Presentatioun vun der Nationalequipe fir d’'EuroSkills 2023'

Presentatioun vun der Nationalequipe fir d’'EuroSkills 2023'
04/07/2023

De 27. Juni 2023, gouf an der Chambre des Salariés d’Nationalequipe vu 'WorldSkills Luxembourg' fir d’'EuroSkills' am September zu Danzeg (Polen) presentéiert.

Insgesamt wäerte 14 Kandidatinnen a Kandidaten an 12 Experten déi lëtzebuergesch Faarwen op den 'EuroSkills' vertrieden a probéieren, fir gutt Resultater a vläicht déi eng oder aner Medail mat Heem ze bréngen.

Den Educatiounsminister M. Claude Meisch huet der gesamter Delegatioun vill Gléck gewënscht a sech a senger Ried houfreg gewisen, datt dës Nationalequipe d’Exzellenz vun der Lëtzebuerger Beruffsausbildung iwwert d’Landesgrenzen a ganz Europa presentéiert.

 

Nationalen 'EscapeGame' am Kader vun den 'EuroSkills 2027'

Zanter der Campagne 'Skills United' sinn de SCRIPT a 'WorldSkills Luxembourg' strategesch Partner, fir Initiativen am Beräich vun der Promotioun vun de Beruffer auszeschaffen.

An deem Kontext gouf am Juni 2023 eng Konventioun tëscht béide Partner ënnerschriwwen, déi d’Kooperatioun fir d’'EuroSkills 2027' organiséiert. Am Joer 2027 wäerten nämlech 'WorldSkills Germany' a 'WorldSkills Luxembourg' zesummen d’europäesch Meeschterschaften zu Düsseldorf organiséieren. Méi Informatiounen zu dësem Evenement ginn et ënnert dësem Link.

Ronderëm dëse Concours, wou ronn 500.000 Visiteuren erwaart ginn, plangt Lëtzebuerg parallel awer och e grousse Projet, eng Form vu nationalem 'EscapeGame' während enger Woch. Dëse Projet gëtt vum SCRIPT ausgeschafft a koordinéiert.

Fir d’Roadmap vun dësem Projet ze presentéieren, huet den Direkter vum SCRIPT a strategesche Beroder vun der 'EuroSkills 2027', de M. Luc Weis, op deem Owend an der Chambre des Salariés déi nächst Etappe vum Projet 'EscapeRoom' dem Public presentéiert.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu