Actualités

Gewënner vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge'

Gewënner vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge'
24/10/2023

Déi 9. Oplag vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge' gouf vum 11. Oktober um 8:00 Auer bis den 13. Oktober 2023 um 16:00 Auer organiséiert.

Am Ganzen hunn 2.005 Schüler aus 267 Klasse matgemaach an insgesamt 2.515 Stonne Kapprechnunge geléist.

145.937 Stären a 44.572 Medaile goufen am Ganze gesammelt!

All Klass, déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechnen-Moduler bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech. D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg/ Wochen hir Cadeaue per Post.

Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:

  • #1 Cycle 3: D’Klass die wilden Pandas 1.0 huet ee Score vu 15.482 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle 3: D’Klass King-Klass huet ee Score vun 1.903 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle 3: D’Klass Sonnirechner huet ee Score vun 13.600 Punkten erreecht.
  • #1 Cycle 4: D’Klass #schlau Fiiss huet ee Score vun 35.346 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle 4: D’Klass -=<[Ǟℇℛ乙Ⓖ@]>=- huet ee Score vun 35.221 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle 4: D’Klass The DooDudes huet ee Score vun 35.218 Punkten erreecht.
  • #1 Voie de préparation: D’Klass Géckeg Pappnasen huet ee Score vun 17.060 Punkten erreecht.
  • #2 Voie de préparation: D’Klass Kleng Pappnasen huet ee Score vun 10.369 Punkten erreecht.
  • #3 Voie de préparation: D’Klass les clowns :) huet ee Score vun 6.165 Punkten erreecht.
  • #1 Cycle inférieur: D’Klass LESC-7C2 huet ee Score vu 35.002 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle inférieur: D’Klass LESC-7C1 huet ee Score vu 34.330 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle inférieur: D’Klass ALR-5CL1 huet ee Score vu 25.725 Punkten erreecht.

 

Am 'Kapprechnen-Challenge' geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.

Dësen Challenge gouf iwwer www.mathematic.lu proposéiert a war zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu