Actualités

Webinaire um radio 100,7: 'Konsum, Cannabis & Co - Kanner a Jugendlech kompetent maachen'

Webinaire um radio 100,7: 'Konsum, Cannabis & Co - Kanner a Jugendlech kompetent maachen'
19/10/2023

Den éischte Webinaire vum Schouljoer 2023-2024 iwwert d’Konsumverhale bei Kanner a Jugendlechen ass de 17. Oktober 2023 iwwer d’Antenn vum radio 100,7 diffuséiert ginn.

Vu wéi engem Alter u mécht Suchtpreventioun Sënn? Wat ass den Ënnerscheed, wann ee vu substanzgebonnenen an net-substanzgebonnene Suchtverhale schwätzt? Wat ass d’Roll vun der Schoul, wat d’Preventioun vu Suchtverhale betrëfft?

Wéi kann ee Kanner a Jugendlechen hëllefen, soulaang wéi méiglech net mat psychoaktive Substanzen a Beréierung ze kommen? Wéi kann ee jonk Leit kompetent maachen, fir ongesond Verhalensmusteren ze vermeiden?

Äntwerten op dës an aner Froe goufen et am Webinaire 'Konsum, Cannabis & Co: Kanner a Jugendlech kompetent maachen'.

 Ronderëm den Dësch fir matzediskutéiere souzen:

  • Debora Plein, Dr.rer.nat., Service national de la Jeunesse (SNJ), Coordinatrice vun der Initiative BEE SECURE
  • Andreas König, Dr., Psycholog, Chargé de direction vum Zenter fir exzessiivt Verhalen (ZEV)
  • Daniela Dario, Coordinatrice (och) an der Suchtpreventioun vun der Generaldirektioun Jeunesse beim MENJE
  • Bob Zeimet, Suchttherapeut a Preventiounsagent beim Service Impuls vu Solidarité Jeunes

Donieft hu Mataarbechter vum Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires (CePAS), dem Pipapo an dem Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) iwwer hir Erfarungen an hir Aarbecht an der Suchtpreventioun geschwat.

Dëse Webinaire gouf an Zesummenaarbecht mam IFEN a mam radio 100,7 realiséiert, an um Internetsite vum radio 100,7 an op youtube kann een déi ganz Diskussioun nach eemol lauschteren a kucken.

 

Weider Informatiounen zum Thema

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu