Actualités

Journées du livre et du droit d'auteur 2024: FAIR mateneen ëmgoen

Journées du livre et du droit d'auteur 2024: FAIR mateneen ëmgoen
28/11/2023

D’'Journées du livre et du droit d’auteur' ginn tëscht dem 22. an dem 26. Abrëll 2024 organiséiert.

Dës Editioun steet ënnert dem Motto 'FAIR mateneen ëmgoen'.

D’Evenement riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.

 

Ëm wat geet et?

“Dat ass net fair!” soe mir jo vu Klengem un, wa mir ongerecht behandelt ginn. Dat geet u sech jidder Mënsch esou. Mir striewen all no engem gudde Mateneen.

Fairness heescht engersäits Reegele respektéieren, seng Rechter a Flichte kennen, Récksiicht openeen huelen an Ongerechtegkeete vermeiden, respektiv sech fir Gerechtegkeet asetzen.

Fairness bedeit anerersäits och, datt jidderee ka matmaachen an datt ee gerecht behandelt an net diskriminéiert gëtt. Dat gëllt am Sport grad wéi an anere Beräicher vum Liewen, am Alldag, an de soziale Medien an am internationale Mateneen.

D’Gesellschaft ass net ëmmer fair, mee et ginn ëmmer erëm Leit, déi sech – am Klengen an am Groussen - duerfir asetzen, datt se méi gerecht gëtt.

D’Theema Fairness ass also ganz present an eisem Liewen.

 

Wéi eng Bicher kann een notzen?

Dir fannt am PDF-Dokument ënnen op der Säit eng Bibliographie mat Kannerbicher zum Theema Fairness, Diskriminatioun, Demokratie, Konflikter a Fridden, Solidaritéit, Mënschen- a Kannerrechter. Vill aner Bicher, och zu den aneren Aspekter vum Theema, sinn awer ganz sécher och an de Schoulbibliothéiken ze fannen.

 

Wéi kann ee matmaachen?

  • D’Umeldung – 1 pro Schoul – soll wgl. iwwert de Schoulbibliothecaire lafen. Umëlle kann dee seng Schoul bis den 8. Mäerz 2024  mam Onlineformulaire ënnert dësem Link.
  • D’Schoulen, déi matmaachen, ginn am Courrier de l‘Éducation nationale 04/2024 ernimmt.
  • Kontakt: anne-marie.antony@men.lu  / anne.biesdorf@men.lu

Méi Informatiounen a konkret Iddie fir d'Journées du livre et du droit d'auteur fannt Dir am PDF-Dokument 'Modalitéiten' ënnen op der Säit.

Mir wënsche vill Freed bei den Aktivitéiten a soen elo scho Merci fir d’Matmaachen.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu