Actualités

Vill Neiegkeete ronderëm 'De Piwitsch'

''
23/01/2024

Zanter Mëtt Januar gëtt deen neie 'Piwitsch' an alle Grondschoulen zu Lëtzebuerg verdeelt. Mam neie Joer ginn et och ronderëm 'De Piwitsch'
eng Rëtsch Neiegkeeten.

Déi wichtegst ass d'Method, wéi d'Kannerzeitung vum SCRIPT verdeelt gëtt. Vun elo u fannen d'Schülerinnen a Schüler 'De Piwitsch' nämlech a spezielle Këschten déi an de Schoulen opgeriicht ginn.

Déi aner grouss Ännerung ass de Pabeier: 'De Piwitsch' gëtt vun elo un nämlech op richtegem Zeitungspabeier gedréckt  a fillt sech och wéi eng richteg Zeitung un. Genee ewéi d'Zeitunge "fir déi Grouss".

Inhaltlech ännert sech näischt. D'Lieserinnen an d'Lieser aus de Cyclen 3 a 4 fanne wéi gewinnt eng flott Mëschung aus verschidden Themen an hirer Kannerzeitung erëm.

 

Wat ass an der neier Editioun vum 'Piwitsch' ze fannen?

Dës Kéier hu mir en intressanten Artikel iwwer Gesellschaftsspiller dran an esouguer en Interview mat engem Lëtzebuerger Spill-Erfinder.

Mir erklären, wat Yoga ass a wou en hierkënnt.

Et gëtt och e flotten Text iwwert d'Geschicht vum Toun: Wéi ass fréier Toun opgeholl ginn? Wéi hunn d'Leit Musek gelauschtert a wéi maache mir dat haut?

Dann ass nach en Artikel iwwert d'Iwwerliewensstrategië vun den Déieren am Wanter dran a mir weisen, wéi een eng Fudderglack fir Villercher selwer baue kann.

Soss hu mir nach eng flott an dynamesch Geschicht geschriwwe vum Claudine Muno mat enger Tounopnahm vun der Schrëftstellerin selwer.

An natierlech wéi gewinnt eis Mini-Redaktiounen, déi dës Kéier vu Randschelt a Mamer kommen.

Fir d'Léierpersoune sinn och erëm Aarbechtsblieder entwéckelt ginn, déi si an der Klass kënnen asetzen. Si fannen se um Site vum Projet ënnert www.piwitsch.lu/ab.

 

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Konzept fir d‘Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken. Et geet drëms, fir de Virwëtz an d‘Kreativitéit, d‘Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu