Actualités

Den neie Piwitsch ass do!

''
24/06/2024

Déi aktuell Nummer vun der Kannerzeitung 'De Piwitsch' ass gratis an all Grondschoul am Land verdeelt ginn.

'De Piwitsch' gëtt et natierlech och um Internet ënnert www.piwitsch.lu. Wéi gewinnt fannt Dir als Lieserinnen a Lieser aus de Zyklen 3 a 4 och an der aktueller Nummer ofwiesslungsräich Theemen.

 

Wat gëtt et an dëser Nummer ze entdecken?

D’Olympesch Spiller a Frankräich sti virun der Dier. Dofir hu mir e klenge Bléck an d’Geschicht geworf an eis dat gréisste Sportsevenement vun der Welt méi genee ugekuckt. Nom Liese si der sécher en Olympia-Profi!

Waart dir schonn eng Kéier am Beetebuerger Park? Wësst dir, wien sech do ëm déi vill Déiere këmmert? Et ass den 'Zootierpfleger'. 'De Piwitsch' war bis op Beetebuerg kucken, wat fir e flotte Beruff dat ass.

Et gëtt een awer och gewuer, wat genee Astronomie ass, wou eigentlech déi cool Sportaart Indiaca hierkënnt an an der Rubrik 'Watgelift' verrode mir, wat et mam Gehaansdag op sech huet.

An e puer Wochen ass awer och Grouss Vakanz. Dofir gëtt 'De Piwitsch' nieft e puer Iddie fir flott Summeraktivitéiten och eng ganz Rëtsch Liestipps.

Déi nei Rubrik 'Die Kinderfrage', an där Kanner der 'Piwitsch'-Redaktioun Froe stellen dierfen, ass och an dëser Nummer nees ze fannen. Dës Kéier fannt dir d’Äntwert op d’Fro, wisou Schëffer net ënnerginn. 'De Piwitsch' ass virwëlzeg, weider Froen ze beäntweren: D'Froe kënnen entweeder um Internet iwwert www.piwitsch.lu/kifra oder per E-mail op info@piwitsch.lu geschéckt ginn.

A wéi ëmmer dierf och eng flott Liesgeschicht net feelen; dës Kéier vum Eline Klaassen mam Titel 'Krabutzi-Express'.

Nieft der 'Piwitsch'-Redaktioun waren awer och d'Minireporter nees ganz aktiv. Ze liese sinn an der aktueller Editioun zwou Mini-Redaktioune vu Stroossen a Bartreng.

 

Wat ass De Piwitsch?

'De Piwitsch' ass e Projet, fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken. Eis Missioun ass, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Zanter dësem Joer gëtt 'De Piwitsch' a spezielle Presentoiren, déi an all Grondschoul stinn, verdeelt. Sollt Dir Froen zu de Presentoiren hunn, kënnt Dir Iech gäre bei der Ekipp vum 'Piwitsch' per E-mail op info@piwitsch.lu mellen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu