Actualités

Formatioun 'Eng Aféierung an d’Mathi-Material fir de Cycle 1'

''
18/06/2024

Dës online Formatioun riicht sech un d’Enseignanteën an d’Enseignantë vum Cycle 1. Si kréien de ‘Mathi’-Classeur an d’‘Mathi’-Këscht virgestallt, déi een Enn Juni iwwert de 'Bon de Commande' vum MENJE fir d’Schouljoer 2024-2025 bestelle kann.

D’Formatioun geet engersäits op dat didaktescht Konzept an op d‘Unterrechtsmethode vu ‘Mathi’ an, anerersäits gëtt och den Opbau vum Classeur an den Inhalt vun de Materialkëschten gewisen.

D’Formatioun leeft vum 1. bis de 15. Juli 2024, umelle kann een sech bis den 28. Juni 2024 ënnert dësem Link.

Am Laf vum Schouljoer 2024-2025 gi viraussiichtlech all Trimester weider thematesch Formatiounsmodule zum ‘Mathi’-Material ugebueden.

 
De Projet ‘Mathi’

Am September 2024 ass de Projet ‘Mathi’ am Cycle 1 gestart.

‘Mathi’ ass ee Projet, deen zu Lëtzebuerg fir d’Schülerinnen a Schüler an d’Léierpersonal aus de Lëtzebuerger Schoulen entwéckelt ginn ass. Et ass een neit, a senger Kontinuitéit spiralesch opbauend Konzept fir d'Léiere vun der Mathé an den Cyclen 1 bis 4 vun der Grondschoul am Laf vun deenen nächste Joren nei ze denken.

D’‘Mathi’ -Konzept lieft souwuel am Klassesall wéi och doriwwer eraus. Et gräift den eenzegaartege, méisproochege Kontext vun de Lëtzebuerger Schoulen op a bitt eng innovativ Approche, déi sech un d’Bedierfnesser vun de Schülerinnen a Schüler upasst. Des Weideren huet d’Material vum ‘Mathi’ d’Ambitioun, d’Léierpersonal esou vill wéi méiglech am Alldag ze ënnerstëtzen, fir datt méi Zäit fir d’Aarbecht mat de Schüler zur Verfügung steet.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu