< retour
D’Kanner vum Fousbann zu Déifferdéng hate vill Freed beim Test vun eisem neie Programm fir de Cycle 1 vum Projet Bicycool.
Vum 9. November 2021 un kréien déi Klassen, déi sech ageschriwwen hunn, d’Geleeënheet, fir mat deene flotte Lafrieder duerch hiren Turnsall ze flitzen. Déi, déi dëst Joer keng Plaz méi kritt hunn, kréien d‘nächst Joer eng nei Geleeënheet fir derbäi ze sinn.
Och de Projet fir d'Cyclen 2 bis 4 ass scho komplett ausgebucht. Et bleiwe just nach e puer Datumer op der Cartingspist zu Monnerech fir d‘Virbereedung op d’Coupe Scolaire.
D’Equipe vum Bicycool bleift disponibel fir Iech bei Ären eegene Projete ronderëm de Vëlo ze beroden an ze ënnerstëtzen.
Heifir kënnt Dir eis gären eng Mail op bicycool@script.lu maachen.