Actualités

Bicycool C1 ass ausgebucht a rullt lo uechter d’Land

Bicycool C1 ass ausgebucht a rullt lo geschwënn uechter d’Land
08/11/2021

D’Kanner vum Fousbann zu Déifferdéng hate vill Freed beim Test vun eisem neie Programm fir de Cycle 1 vum Projet Bicycool.

Vum 9. November 2021 un kréien déi Klassen, déi sech ageschriwwen hunn, d’Geleeënheet, fir mat deene flotte Lafrieder duerch hiren Turnsall ze flitzen.
Déi, déi dëst Joer keng Plaz méi kritt hunn, kréien d‘nächst Joer eng nei Geleeënheet fir derbäi ze sinn.

Och de Projet fir d'Cyclen 2 bis 4 ass scho komplett ausgebucht. Et bleiwe just nach e puer Datumer op der Cartingspist zu Monnerech fir d‘Virbereedung op d’Coupe Scolaire.

D’Equipe vum Bicycool bleift disponibel fir Iech bei Ären eegene Projete ronderëm de Vëlo ze beroden an ze ënnerstëtzen.

Heifir kënnt Dir eis gären eng Mail op bicycool@script.lu maachen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu