Actualités

Grousse Succès vun der éischter '#liesenassgesond'-Tournée

Grousse Succès vun der éischter #liesenassgesond-Tournée
10/08/2022

D’Liestournée huet am Schouljoer 2021-2022 fir d’éischte Kéier stattfonnt. Dës Initiativ war en Deel vun der Campagne '#liesenassgesond' a war eng weider Offer vum SCRIPT, fir d’Liesen op schouleschem an ausserschouleschem Niveau ze fërderen.

26 Lëtzebuerger Schrëftsteller a Schrëftstellerinne hunn iwwert d’Associatioun: Lëtzebuerger Literatur (A:LL) bei dëser Initiativ matgemaach.

All Lycée konnt iwwert den Internetsite www.liesen.lu tëschent engem vun de 26 Autorinnen an Auteure wielen, fir eng Liesung bei sech am Lycée ze organiséieren.  

De Lycée hat de Choix tëschent zwee Formater:  

  1. De Schrëftsteller/ d’Schrëftstellerin gëtt fir zwou Schoulstonnen (100 Minutten) an d’Schoul agelueden, fir virun enger Klass aus sengem/ hirem Wierk virzeliesen. Duerno gëtt et een interaktiivt Format (Diskussioun, Schreifgrupp, etc.), un dem d'Schrëftstellerin/ de Schrëftsteller sech als Expert bedeelegt. Am Viraus schwätzen sech déi concernéiert Acteuren of, wéi déi Aktivitéit soll oflafen. 
  1. De Schrëftsteller/ d’Schrëftstellerin gëtt fir eng Schoulstonn (50 Minutten) an d’Schoul agelueden, fir 20 bis 30 Minutte virun enger Klass aus sengem/ hirem Wierk virzeliesen. Duerno ass eng Diskussioun mat de Schüler virgesinn.

Tëschent Januar a Juli 2022 hunn 13 Liesungen an de verschiddene Formater an de Lycéeë stattfonnt.

Fir weider Informatiounen kënnt der Iech duerch den Internetsite vun der Campagne klicken (www.liesen.lu) oder eis en E-Mail op info@liesen.lu schreiwen.  

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu