< retour
D’Liestournée huet am Schouljoer 2021-2022 fir d’éischte Kéier stattfonnt. Dës Initiativ war en Deel vun der Campagne '#liesenassgesond' a war eng weider Offer vum SCRIPT, fir d’Liesen op schouleschem an ausserschouleschem Niveau ze fërderen.
26 Lëtzebuerger Schrëftsteller a Schrëftstellerinne hunn iwwert d’Associatioun: Lëtzebuerger Literatur (A:LL) bei dëser Initiativ matgemaach.
All Lycée konnt iwwert den Internetsite www.liesen.lu tëschent engem vun de 26 Autorinnen an Auteure wielen, fir eng Liesung bei sech am Lycée ze organiséieren.
De Lycée hat de Choix tëschent zwee Formater:
Tëschent Januar a Juli 2022 hunn 13 Liesungen an de verschiddene Formater an de Lycéeë stattfonnt.
Fir weider Informatiounen kënnt der Iech duerch den Internetsite vun der Campagne klicken (www.liesen.lu) oder eis en E-Mail op info@liesen.lu schreiwen.