Actualités

Neiegkeete vu 'MathemaTIC'

Neiegkeete vu 'MathemaTIC'
13/09/2022

Fir d'Schouljoer 2022-2023 si follgend 'MathemaTIC'-Formatiounen an Evenementer geplangt:

Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech beim 'MathemaTIC'-Team op der Telefonsnummer 247-75249 oder per E-Mail ënnert mathematic@script.lu mellen.

 

Zanter 2015 ass d'Léierplattform www.mathematic.lu fir all Schülerinne/ Schüler an Enseignanteë/ Enseignanten zu Lëtzebuerg iwwert hiren IAM-Zougang gratis verfügbar.

D’Plattform riicht sech u Schülerinne/ Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul, de Klasse vun der Voie de Preparation an de Klasse vum Cycle inférieur am Lycée.

'MathemaTIC' ass en interaktiven, digitalen a méisproochege Léierprogramm, deen op d'Bedierfnesser vun de Schüler ugepasst ass. Den Inhalt entsprécht de Kompetenze vun de Léierpläng vun der Grondschoul a vun de Lycéen zu Lëtzebuerg.

Déi verschidde Funktiounen op mathematic.lu erméiglechen den Enseignanteë/ Enseignanten hire Mathésunterrecht ze differenzéieren, spezifesch op d'Bedierfnesser vun de Schülerinne/ Schüler ze reagéieren an domat hir Motivatioun ze steigeren.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu