< zereck
Fir d'Schouljoer 2022-2023 si follgend 'MathemaTIC'-Formatiounen an Evenementer geplangt:
Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech beim 'MathemaTIC'-Team op der Telefonsnummer 247-75249 oder per E-Mail ënnert mathematic@script.lu mellen.
Zanter 2015 ass d'Léierplattform www.mathematic.lu fir all Schülerinne/ Schüler an Enseignanteë/ Enseignanten zu Lëtzebuerg iwwert hiren IAM-Zougang gratis verfügbar.
D’Plattform riicht sech u Schülerinne/ Schüler aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul, de Klasse vun der Voie de Preparation an de Klasse vum Cycle inférieur am Lycée.
'MathemaTIC' ass en interaktiven, digitalen a méisproochege Léierprogramm, deen op d'Bedierfnesser vun de Schüler ugepasst ass. Den Inhalt entsprécht de Kompetenze vun de Léierpläng vun der Grondschoul a vun de Lycéen zu Lëtzebuerg.
Déi verschidde Funktiounen op mathematic.lu erméiglechen den Enseignanteë/ Enseignanten hire Mathésunterrecht ze differenzéieren, spezifesch op d'Bedierfnesser vun de Schülerinne/ Schüler ze reagéieren an domat hir Motivatioun ze steigeren.