Divisiounen

Pedagogesch an technologesch Innovatioun

D’Divisioun vun der pedagogescher an technologescher Innovatioun ass en „Incubator“ vun  innovative Projeten, zemools am Beräich vun der Pädagogik, der Technologie, der Kultur, de Medien a vun der nohalteger Entwécklung.

D’Projete stame entweder aus der Schoulpolitik, der Demande vum Terrain oder aus der Initiativ vun de Mataarbechter, respektiv den nationalen an internationale Partnere vum SCRIPT. Si ginn an Zesummenaarbecht mam Schoulpersonal (Enseignanten an Educateuren) aus de verschiddenen educative Strukturen, den anere Servicer an Departementer vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE), mee och mat wëssenschaftleche Beräicher ausgeschafft.

Nieft dem Ausschaffen an dem Begleede vun neie Projeten, garantéiert dës Sektioun och d’Diffusioun vu gudden a praktesche Beispiller, wéi och d’Vernetzung vun de Schoulen, virun allem am Kontext vu Pilotprojeten an innovativen Deeg.

Koordinatioun vun Initiativen an pedagogesche Programmer

D’Divisioun vun der Koordinatioun vun Initiativen an pedagogesche Programmer schafft Projeten, Initiativen, Aktivitéiten an Evenementer aus, déi zousätzlech zur Schouloffer agesat kënne ginn an déi op den offizielle Programmer baséieren. Si kënne vun ënnerschiddleche Beräicher ausgoen: Der Fërderung vum Liesen, der Kultur, d’Entreprenariat, dem Journalismus, den Informatiounstechnologien, de Kommunikatiounstechnologien, d’Wuelbefannen an d’Gesondheet, wéi och der schoulescher a professioneller Orientatioun an de Schoulen a Lycéeën.

Dës Divisioun leet e spezielle Wäert op d’Zesummenaarbecht mat Associatiounen an Institutiounen. D’Institutioune stamen aus dem Milieu vun der Recherche a vum Entreprenariat, mee och aus dem sozialen a kulturellen Domaine.

Curriculumsentwécklung

D’Divisioun fir Curriculumsentwécklung begleet Nationalkommissioune vum Enseignement Fondamental (CNEF) a vum Enseignement Secondaire (CNES) an hirer Aarbecht bei der Entwécklung an der Aktualiséierung vun de Schoulprogrammer. Si assuréieren d’Accessibilitéit an iwwerwaachen d’Kontinuitéit an d’Kohärenz vun de Programmer.

Dës Divisioun schafft enk mat de verschiddenen Acteuren zesummen, déi dozou bäidroen, déi wëssenschaftlech Begleedung vun der curiculärer Entwécklung z’assuréieren.

Entwécklung vun didakteschem Material

D’Divisioun vun der Entwécklung vun didakteschem Material ass fir d’Ausschaffen, d’Verëffentlechung an d’Verdeelung vun didakteschem Material zoustänneg. Si iwwerwaacht, dass d’Material mat de Programmer an de Plans d’études vun de Lëtzebuerger Schoulsystemer iwwertenee stëmmen, souwuel am Enseignement Fondamental (EF), wéi och am Enseignement Secondaire (ES).

Dës Divisioun konzeptualiséiert an elaboréiert innovatiivt didaktescht Material no enger kommunikativer a spillerescher Approche am Kontext vun der Méisproochegkeet vum jonken Alter un. Dëst Material kann an der Klass als Zousazmaterial benotzt gi fir d’autonoomt Schaffen ze favoriséieren oder ënnert dem Zweck vun der Differenzéierung. Et kann awer och am d’Domaine vun der Aféierung vun enger Sprooch an der Klass benotzt ginn, bei SchülerInnen, déi eréischt viru Kuerzem ze Lëtzebuerg ukomm sinn.

D’Ausschaffe vun digitalem Material, ob digitaliséiert Léierbicher, Internetapplikatiounen oder Online-Léierplattformen, stellen e wesentlecht Objektiv vun der Divisioun vun der Entwécklung vum didaktesche Material duer.

Dateveraarbechtung iwwert d’Qualitéit vum Encadrement an der Schouloffer

D’Divisioun vun der Dateveraarbechtung iwwert d’Qualitéit vum Encadrement an der Schouloffer huet als Missioun dem Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE), de Schoulgebaier an de verschiddenen zoustännege Beräicher aktualiséiert a verwäertbar Informatiounen an Donnéeën ze liwweren. Et geet drëm e präziist a komplett Bild vun der Qualitéit vum Educatiounssystem opzestellen an Decisiounen a Bezuch op Educatiounspolitik ze guidéieren. Fir dës Missioun z’erfëllen, erstellt dës Divisioun detailléiert a stéchhalteg Donnéeën a Statistiken zur nationaler Educatioun, der Kandheet an der Jugend. Si assuréiert och d’Qualitéit an d’Sécherheet vun dësen Donnéeën a Statistiken.

Dës Divisioun hëlt och un der Erstellung, der Duerchféierung an der Analyse vun nationalen an internationalen Ëmfroen a Bezuch op d’Evaluatioun vum educative System deel.

Zousätzlech stellt si Instrumenter fir „data literacy“ zur Verfügung a begleet Schoulgebaier bei der Lecture, der Interpretatioun an der Benotzung vun Donnéeën am Kader vun hirem „Plan de développement de l’établissement scolaire” (PDS).

Kontakt

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    F.  (+352) 247-85137
    secretariat@script.lu