Actualités

'De Piwitsch' Nummer 5 ass do!

'De Piwitsch' Nummer 5 ass do!
03/05/2023

Zanter dem 17. Abrëll 2023 gëtt déi nei Ausgab vun der Kannerzeitung 'De Piwitsch' an alle Klasse vun den Zyklen 3 a 4 am Enseignement fondamental gratis verdeelt.

Dir fannt déi nei Ausgab och online op der Adress www.piwitsch.lu/e-piwi.

An dëser Nummer gëtt et nees eng Hellewull vun Theemen.

  • De Piwitsch war an de Kulisse vum Findel  an erkläert ënner anerem, firwat d’Sécherheet hei esou wichteg ass, huet an de Bauch vun engem grousse Cargo-Fliger gekuckt, am Kontrolltuerm d’Starts a Landungen vun de Fligere beobacht, geléiert wéi genee ee muss schaffen, fir Fligeren ze flécken a war esouguer am Cockpit vun engem groussen an engem klenge Fliger.
  • De Piwitsch huet sech doriwwer eraus e Bild vum Beruff vum Fierschter gemaach.
  • De Piwitsch war och an der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng.
  • De Piwitsch stellt iech an dëser Editioun ons Nopeschregioun, d’Lorraine vir an huet esouguer zesumme mat der Hotelsschoul eng lecker Quiche Lorraine gebak.
  • An: De Piwitsch huet zesumme mat de Kanner aus der Klass 3.2. vum Campus Nei Brasilien zu Gréiwels en Artikel a Videoen iwwer d’Fusioun vun de Gemenge Wal a Groussbus ausgeschafft.
  • A Propos Politik: De Piwitsch erkläert doriwwer eraus, firwat dëst Joer direkt zweemol Wale sinn.

Dës an aner Theeme fannt dir a Wuert, Bild, Film an Toun um Internetsite www.piwitsch.lu.

Och dës Kéier ass extra Unterrechtsmaterial fir Enseignanteën an Enseignanten zu verschidden Theemen ausgeschafft gin. All Kéiers, wann an der Zeitung d'Zeechen 'Unterrichtsmaterial' optaucht, da fënnt een op der Adress www.piwitsch.lu/ab flott Quizzen, Kreuzworträtselen oder Wuertsich-Aktivitéite fir d'Schülerinnen an d'Schüler.

Net ze vergiessen: an dëser Editioun gëtt et nees eng Liesgeschicht. Dës Kéier huet d’Nora Wagener eng spannend a lëschteg Geschicht iwwer d’Grompere-Republik verfaasst. Fir ze liesen an ze lauschteren!

 

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu