< zereck
Zanter dem 17. Abrëll 2023 gëtt déi nei Ausgab vun der Kannerzeitung 'De Piwitsch' an alle Klasse vun den Zyklen 3 a 4 am Enseignement fondamental gratis verdeelt.
Dir fannt déi nei Ausgab och online op der Adress www.piwitsch.lu/e-piwi.
An dëser Nummer gëtt et nees eng Hellewull vun Theemen.
Dës an aner Theeme fannt dir a Wuert, Bild, Film an Toun um Internetsite www.piwitsch.lu.
Och dës Kéier ass extra Unterrechtsmaterial fir Enseignanteën an Enseignanten zu verschidden Theemen ausgeschafft gin. All Kéiers, wann an der Zeitung d'Zeechen 'Unterrichtsmaterial' optaucht, da fënnt een op der Adress www.piwitsch.lu/ab flott Quizzen, Kreuzworträtselen oder Wuertsich-Aktivitéite fir d'Schülerinnen an d'Schüler.
Net ze vergiessen: an dëser Editioun gëtt et nees eng Liesgeschicht. Dës Kéier huet d’Nora Wagener eng spannend a lëschteg Geschicht iwwer d’Grompere-Republik verfaasst. Fir ze liesen an ze lauschteren!
'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.
Et geet drëms, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.