< retour
De Projet 'YES – Yoga an Entspanung an der Schoul' huet als Zil, Schoulkanner an hirer kierperlecher, mentaler an emotionaler Entwécklung ze ënnerstëtzen.
En ass um Internetsite beweegung.lu ënnert dësem Link ze fannen.
E gesonde Wiessel tëscht Beweegung an Entspanung ass fir en ausgeglachene Schoulalldag wichteg well en erlaabt de Kanner, trotz Stressmomenter, fit ze bleiwen.
Konzentratioun a Kreativitéit gi mat Hëllef vu Beweegung a Yogastellungen ugereegt; d’Kierperbewosstsinn gëtt verdéift. Ausserdeem bidden Entspanung a bewosst Momenter dem Geescht a Kierper eng kuerz Paus, déi d’Kanner mat frëscher Motivatioun fir de Rescht vum Dag versuergt.
Nieft Interventiounen an de Schoulen offréiert de Projet 'YES' passend Audio-a Videomaterial fir d’Léierpersonal.
Zousätzlech kann d’Weiderbildung 'Méi Wuelbefanne fir Schoulpersonal a Schüler/Schülerinnen duerch Yoga an Entspanung' um IFEN besicht ginn.
Den éischte Yogamodul 'Yoga mécht staark – Entdeck de Superheld/d’Superheldin an dir' gëtt ab Oktober 2023 ugebueden. E riicht sech u Klasse vun de Cyclen 2-4 aus dem Enseignement fondamental. De Cycle 1 Spillschoul kann sech ab dem zweeten Trimester aschreiwen. De Yogamodul gëtt jeeweils un den Alter vun de Kanner ugepasst.
De Yogamodul besteet aus 3 Phasen:
De Yogamodul setzt op Nohaltegkeet. Souwuel Kanner ewéi och Léierpersonal wierken aktiv mat. Si fäerdegen e Plakat mat Yogaübungen un a wärend der 2. Phas ginn d’Übungen eegestänneg an de Klassen duerchgefouert a weiderentwéckelt.
Am Eklärungsvideo geet déi Responsabel vum Projet Sabine Tonnar-Stoltz kuerz op den Inhalt vum éischte Yogamodul an.