Actualités

Neie Projet vum SCRIPT: 'YES – Yoga an Entspanung an der Schoul'

Neie Projet vum SCRIPT: 'YES – Yoga an Entspanung an der Schoul'
27/06/2023

De Projet 'YES – Yoga an Entspanung an der Schoul' huet als Zil, Schoulkanner an hirer kierperlecher, mentaler an emotionaler Entwécklung ze ënnerstëtzen.

En ass um Internetsite beweegung.lu ënnert dësem Link ze fannen.

E gesonde Wiessel tëscht Beweegung an Entspanung ass fir en ausgeglachene Schoulalldag wichteg well en erlaabt de Kanner, trotz Stressmomenter, fit ze bleiwen.

Konzentratioun a Kreativitéit gi mat Hëllef vu Beweegung a Yogastellungen ugereegt; d’Kierperbewosstsinn gëtt verdéift. Ausserdeem bidden Entspanung a bewosst Momenter dem Geescht a Kierper eng kuerz Paus, déi d’Kanner mat frëscher Motivatioun fir de Rescht vum Dag versuergt.

Nieft Interventiounen an de Schoulen offréiert de Projet 'YES' passend Audio-a Videomaterial fir d’Léierpersonal.

Zousätzlech kann d’Weiderbildung 'Méi Wuelbefanne fir Schoulpersonal a Schüler/Schülerinnen duerch Yoga an Entspanung' um IFEN besicht ginn.

 

'Yoga mécht staark – Entdeck de Superheld/d’Superheldin an dir'

Den éischte Yogamodul 'Yoga mécht staark – Entdeck de Superheld/d’Superheldin an dir' gëtt ab Oktober 2023 ugebueden. E riicht sech u Klasse vun de Cyclen 2-4 aus dem Enseignement fondamental. De Cycle 1 Spillschoul kann sech ab dem zweeten Trimester aschreiwen. De Yogamodul gëtt jeeweils un den Alter vun de Kanner ugepasst.

De Yogamodul besteet aus 3 Phasen:

  • 1. Phas: Dräi Coursen (1 Cours pro Woch) am 1. oder 2. Trimester ënnert der Leedung vun der 'YES'-Coordinatrice
  • 2. Phas: Autonoomt Ausprobéieren an de Klassen
  • 3. Phas: E leschte Cours am 3. Trimester ënnert der Leedung vun der 'YES'-Coordinatrice

De Yogamodul setzt op Nohaltegkeet. Souwuel Kanner ewéi och Léierpersonal wierken aktiv mat. Si fäerdegen e Plakat mat Yogaübungen un a wärend der 2. Phas ginn d’Übungen eegestänneg an de Klassen duerchgefouert a weiderentwéckelt.

Am Eklärungsvideo geet déi Responsabel vum Projet Sabine Tonnar-Stoltz kuerz op den Inhalt vum éischte Yogamodul an.


 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu