De Webinaire 'Tabula Rasa mam Tabu – schwiereg Themen an der Grondschoul' geet donneschtes, den 11. Mee 2023 vu 14:00 bis 15:30 Auer um radio 100,7 iwwert d'Antenn.
De Webinaire gëtt vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 an dem Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) organiséiert. De Webinaire gëtt och live iwwer Video op der Internetsäit www.100komma7.lu gestreamt.
Et ginn Themen iwwer déi ze schwätzen de Mënschen net einfach fält.
Doud, Krankheet oder zum Beispill Gewalt awer onausgeschwat am Raum stoen ze loosse vergréissert meeschtens den Thema, deen als tabuiséiert gëllt.
Deet een also gutt drun en Tabu tabu sinn ze loossen? Oder ass et villméi sënnvoll mam néidegen Taktgefill an dem Alter entspriechend schonn an der Grondschoul iwwer Themen ze schwätzen déi net einfach sinn, awer zum Liewe gehéieren?
Wat ass iwwerhaapt haut nach tabu?
Ass fir jiddereen d’Hemmschwell fir e kriddlechen Thema unzeschwätzen déi nämmlecht? Sollt een ëmschreiwen, oder d’Problematik mam Numm nennen?
Wéi geet ee mat enger Kris an der Klass em? Wann zum Beispill e Schoulmeeschter oder eng Joffer schwéier krank gëtt, oder souguer stierft? Wann e Kand den Doud vun enger léiwer Persoun muss verschaffen?
Am schoulesche Curriculum stinn des Theme wuel um Programm, mä net all Enseignante an Enseignant fillt sech wuel fir driwwer ze schwätzen.
Wéi ginn ech domat em wann ee vu menge Schüler Affer vu Mobbing, oder sexuellem Mëssbrauch ass?
A wéiwäit ass et sënnvoll mat den Elteren zesummen ze schaffen, fir engem Kand wat mat engem Tabutheema ze kämpfen huet ze hëllefen, oder wéinstens net méi schlëmm ze maachen?
Kann een duerch Präventioun Themen enttabuiséieren ier se eventuell Realitéit ginn?
Iwwer déi kriddeleg Momenter am Liewe vun engem Kand, a wéi een an der Schoul gutt domat ëmgeet, probéiert dëse Webinaire Pisten ze ginn. An der Hëlleflosegkeet déi ee bei Tabutheeme kann erliewen en bëssen eppes entgéint ze setzen.
Et diskutéiere mat:
- d'Laurence Diederich, Léierin, Member vum KIT, dem Kriseninterventiounsteam vum MENJE, a Coordinatrice vun der Schoulekipp vum GSP, dem Groupe de support psychologique
- d'Mary Faltz, Mataarbechterin beim SCRIPT, Initiatrice vum SCRIPT-Projet 'ChMenKi - Ech sinn de Chef vu mengem Kierper'
- d'Annette Schütz, Léierin, Initiatrice vum SCRIPT-Projet 'Wat kënnt, dat geet'
- den David Bettinelli, Regionaldirekter vum Enseignement fondamental Regioun Mamer, ënnerstëtzt Projeten déi Kanner am Fondamental erméiglechen Tabue besser geréiert ze kréien
De Webinaire gëtt als Online-Formatioun ugebueden. Umelle kann een sech iwwer dëse Link.
Jiddereen huet d‘Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder WhatsApp (621 44 00 44) ze stellen.