Actualités

Bicycool

Bicycool
10/09/2020

 

Nodeem s d'praktesch Aktivitéiten an de Schoulen hate missen ofgesot gin, konnten déiselwecht awer vun August un nees a verschiddene Maison Relais wéi hei zu Nidderkuer duechgefouert ginn. Gläichzäiteg konnt dat neit Material , dat an engem prakteschen Unhänger einfach op d'Plaz bruecht gëtt, de Praxistest bestoen.

Den Avis vun de Kanner war passend zum Projet: COOL!

Vu September un wäert d’SCRIPT-Mataarbechterin Suzie Godart dann och mat deem flotte Material an déi Schoule kommen, déi duerch de Confinement d'lescht Joer net beim Projet un d'Rei koumen. Och d'Formatiounen zum Thema Vëlofuere mat Kanner déi ofgesot goufen, ginn nogeholl a sinn iwwert den IFEN ausgeschriwwen.

D'Equipe vum Projet kritt vum September un och Verstärkung mam Mike Barone a mam Lex Reichling, sou datt mir no an no ëmmer méi Schoulen erreeche kënnen.

Fir Froen zum Thema Vëlo a Begleedung vu Projéen kontaktéiert d'Suzie Godart per Mail suzanne.hary@men.lu oder Telefon 247-65220.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu