Actualités

Virliesconcours 2022: Déieren

Virliesconcours 2022: Déieren
25/10/2021

De Virliesconcours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum SCRIPT organiséiert gëtt, leeft 2022 fir d’17. Kéier.

D’Thema vun dëser Editioun vum Virliesconcours ass:

Déieren

Mënsch an Déier hunn eng ganz laang an intensiv Relatioun. Wëll Déieren, Notzdéieren, Hausdéieren... all sinn se bekannt, a si léise Gefiller am Mënsch aus.

Déiere sinn dacks gutt Frënn, mee heiansdo ginn si och gefaart. Verschidden Déiere faszinéieren eis – Déieren aus der Urzäit, Déieren aus Fantasiegeschichten, Déieren, déi eppes Besonnesches kënnen oder vläicht einfach en Déier, dat eis usprécht.

Mat dem laange Lien tëscht Mënsch an Déier ënnerstelle mir den Déieren och verschidden Eegenschaften: déi eng hu Courage, déi aner fäerte ganz vill, an aneren ass net ze trauen...

Dëse vasten Thema kënnt a ville Kannerbicher, a Klassiker wéi och an neie Bicher, vir. D’Schülerinnen an d’Schüler wäerte sécher interessant Texter dozou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen.

De Virliesconcours ass der aktueller sanitärer Kris ugepasst ginn a gëtt no der Designatioun vun engem Schoulgewënner als Challenge weidergefouert. Et gëtt duerfir keng Halleffinall mat Publikum.

Am Joer 2022 gëtt et awer erëm eng Finall mat Publikum, an zwar nomëttes, den 28. Juni 2022 am Kulturhaus zu Miersch.

An der Broschür zum Virliesconcours gëtt den Oflaf vum Concours méi am Detail beschriwwen.

Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu