Actualités

'makedra'-Formatioun fir Enseignanten

'makedra'-Formatioun fir Enseignanten
30/11/2021

Esou wéi och schonn am leschte Schouljoer huet d’Equipp vu makedra (Maach keen Drama) eng Formatioun fir d'Enseignanten aus der Grondschoul organiséiert.

Dës Formatioun hat souwuel theoretesch wéi praktesch Momenter, wärend deenen di verschidden Offerten, Ziler an Outile vu www.makedra.lu presentéiert goufen.

No enger kuerzer allgemenger Introduktioun vum Internetsite konnten d’Participante selwer theaterpedagogesch Aktivitéite mam ganze Grupp ausprobéieren, dat iwwer de Wee vun Drama-Fichen.

Iwwer 100 vun dësen Drama-Fiche stinn den Enseignanten zur Verfügung fir an der Klass ganz fräi ze schaffen. Dës Aktivitéiten hunn uschléissend zu reflexive Momenter gefouert, wou jidderee seng perséinlech Erfarungen deele konnt.

Duerch dësen Austausch ass eng ganz positiv Dynamik entstanen, sou dass d'Formateuren och op Froen an Ängschte vun de Participante konnten agoen, fir si ze encouragéiere, méi Theateraktivitéite mat hire Kanner an der Klass ze maachen.

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu