Actualités

Nei Awunner am Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld

Nei Awunner am Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
04/01/2022

Am Laf vun de leschte Joren huet den Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld, dee vun der Gemeng Suessem a Collaboratioun mat enger ganzer Rei vu Partner, ënnert anerem dem SCRIPT an der Direction générale de l’enseignement fondamental op d'Been gesat gouf, sech permanent weider entwéckelt.

Niewent de Gaardeparzellen, dem Beienhaus an der Volière mat Hénger huet den Zenter säit dem 29. Dezember 2021 nei Awunner: dräi Mini-Schwäin.

D'Gusse komme vun enger däitscher Déiereschutz-Organisatioun a no engem Opruff an de soziale Medien hat de Schäfferot d’Decisioun geholl, fir déi dräi Meedercher opzehuelen.

Innerhalb vu gutt zwou Wochen hu sämtlech-Gemengen-Servicer zesumme geschafft, fir hinnen eng flott Plaz anzeriichten an déi néideg Autorisatiounen ze kréien.

Kuerz virum Joreswiessel war et dunn endlech esou wäit: d'Schwéngercher sinn ukomm a se hunn sech och direkt ganz wuel gefillt.

Dat eenzegt, wat hinnen zu hirem Gléck nach feelt ass e Numm an deen dierfen d’Schoulkanner aus der Gemeng Suessem sech elo ausdenken.

Méi Informatiounen zum Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld ginn et ënnert dësem Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu