Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': Optakt vum Reflexiounsprozess ronderëm e neie Plan d’études fir 2025

Optakt vum Reflexiounsprozess ronderëm e neie Plan d’études fir 2025
24/01/2022

Den 18. Januar 2022 huet d’Division pour le développement du curriculum vum SCRIPT op hir Informatiounsveranstaltung zum Reflexiounsprozess ronderëm e neie Plan d’études an de Forum Geesseknäppchen invitéiert.

D’Vertrieder aus dem Bildungsberäich konnten sech sur place oder via Online-Stream doriwwer informéieren, wéi d’Divisioun sech de Prozess ronderëm de Chantier ‘neie Plan d’études fir 2025’ virstellt.
An dëse Prozess sollen all concernéiert Notzer vum Plan d’études abezu ginn (Acteuren aus dem Bildungsberäich, Elteren, Kanner). De Wee hin zum fäerdege Plan d’études soll sech transparent an novollzéibar gestalten.

An der Presentatioun gouf ob d’Iwwerleeunge vun de leschte Méint zréckgekuckt an et gouf een Appel un d’Participante gemaach fir aktiv um Gestaltungsprozess vum neie Plan d’études deelzehuelen.

De Video vun der Infoveranstaltung ass ënner dësem Link ze fannen.

 

Organisatioun vu Workshops

Fir dëst Schouljoer sinn dräi Workshops geplangt, déi sech explizit un d’Léierpersonal an d’edukatiivt Personal aus der Grondschoul, d’Personal aus de Kompetenzzentren an d’Enseignanten aus dem Secondaire riichten.

Den Optakt mécht de Workshop ‘Eng gemeinsam Visioun fir den Enseignement Fondamental’. Dëse wäert méindes, den 1. Februar vu 17:00 bis 20:00 Auer en présentiel am Forum Geesseknäppchen stattfannen an donneschdes, den 3. Februar als Online-Workshop (vu 17:00 bis 20:00 Auer) via Teams.

Méi Informatiounen zu den Aschreiwungsmodalitéite fir den éischte Workshop ginn et ënner dësem Link.

Fir de Mäerz sinn zwee weider Workshops zum Thema ‘Méisproochegkeet’ an zu de ‘groussen Iwwergäng am EF’ (C1 -> C2 an C4 -> Secondaire) geplangt.

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu