Actualités

Video: De SCRIPT op der Weltausstellung zu Dubai

Video: De SCRIPT op der Weltausstellung zu Dubai
26/01/2022

Vum 12. bis den 18. Dezember stoung op der Weltausstellung zu Dubai d’Thema vun der Educatioun wärend der Knowledge and Learning Week an de Pavillone vun de verschiddene Länner am Mëttelpunkt.

De SCRIPT huet am Lëtzebuerger Pavillon d’Strategie Einfach digital vum Educatiounsministère virgestallt an Ateliere fir Kanner a Famillje proposéiert. Am Kader vun dëser Strategie geet et drëm, dass d’Kanner verstinn, wat Kodéieren ass an erkennen, wat alles hannert der Digitaliséierung steet.

Zesumme mat senge Partner WorldSkills Luxembourg, dem Mathematik-Department vun der Uni Lëtzebuerg a securitymadein.lu, huet de SCRIPT e gemeinsaamt Konzept ronderëm d’Theme Kodéieren, Algorithmen, Problemléisstrategien a Computational Thinking ausgeschafft.

Wärend der Knowledge and Learning Week huet eng Equipe vum SCRIPT, ënner anerem och ICNen (Instituteurs spécialisés en compétences numériques) aus de Schoulen, de ganzen Dag iwwer verschidden Aktivitéiten aus de Lëtzebuerger Grondschoule gewisen: esou koumen zum Beispill de Cubetto an d’Ozobotten, nieft anere pedagogesche Materialien, an den Asaz.

Ronn 700-800 Leit hunn all Dag d’Ateliere vun de Lëtzebuerger Vertrieder besicht, esou datt wärend der Knowledge and Learning Week iwwer 5.000 Leit d’national Strategie Einfach digital an am Besonneschen Initiativen am Beräich vum Coding presentéiert kruten.

An dësem Video gëtt d’Aarbecht vum SCRIPT presentéiert.

 

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu