< retour
De Programm Phonologesch Bewosstheet mam Sila ass e wichtege Bausteen fir am Laf vum Cycle 1 vum Enseignement fondamental op d’Liesen- a Schreiweléiere virzebereeden.
D’Sila-Handpopp féiert mat hire fënnef opgebitzte Programm-Knäppercher spilleresch duerch déi fënnef Unitéite vum Programm (Lauschter-, Reim-, Silben-, U-laut- a Lautspiller).
Wéi d’Sila an der Klass an am Dialog mat de Kanner kann agesat ginn, weist d’Carine Kayser an dëser kuerzer Filmsequenz mam Sila a mam Ricki.
Méi Informatiounen zum Programm Phonologesch Bewosstheet mam Sila ginn et um Internetsite sila.script.lu.