Actualités

Webinaire: D’Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg

Webinaire: D’Erausfuerderunge vun der Alphabetiséierung zu Lëtzebuerg
10/03/2022

Traditionell geschitt d’Alphabetiséierung an der Lëtzebuerger Schoul op Däitsch, dobäi ass ee vun de Paradigmen d’Bréckefunktioun vum Lëtzebuergeschen am Cycle 1.
Donieft ginn et awer an der ëffentlecher Schoul och haut schonns Alternativen, nämlech am Europaschoulsystem.

Ronderëm d'Alphabetiséierung stellen sech vill Froen. Wéi en Afloss huet di fréikandlech Sproochfërderung op d’Alphabetiséierung? Brauch et weider Alternativen an der ganz diverser Lëtzebuerger Schoullandschaft? Wat fir e Rôle spillt d’Lëtzebuergesch? Wat kréien d’Enseignanten an hirer Formatioun mat op de Wee fir d’Alphabetiséierung ze begleeden?

Dës an aner Froe stinn de 24. Mäerz 2022 vu 14.30 bis 16.00 Auer am Mëttelpunkt vun engem Webinaire, deen de SCRIPT an de radio 100,7 zesummen ubidden. De Webinaire gëtt och am Livestream iwwerdroen, den Dag selwer ass e Link op der Websäit vum radio 100,7 (www.100komma7.lu) ze fannen.

Am Studio sinn: d’Caroline Hornung, Fuerscherin beim Luxembourg Center for Educational Training (LUCET) op der Uni Lëtzebuerg, d’Sabrina Sattler, Fuerscherin beim Observatoire National de la Qualité Scolaire, d’Sarah Scholtes, Enseignante am Cycle 2 zu Schëffleng an de Philippe Kloos, Direkter vun der Direction de l’enseignement fondamental Suessem. An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren.

D’Nolauschterer kënnen hir Froen iwwer d’Email fro@webinar.lu oder per WhatsApp 621440044 stellen.

D’Participatioun vun Enseignante um Webinaire gëtt vum Institut de formation de l'Éducation  nationale (IFEN) als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen dozou ginn et um Internetsite www.ifen.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu