Actualités

De Piwitsch: Eng Zeitung fir d'Kanner aus dem Fondamental

De Piwitsch: Eng Zeitung fir d'Kanner aus dem Fondamental
02/05/2022

Den 28. Abrëll 2022 gouf 'De Piwitsch' a Presenz vum M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vun der Mme Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg virgestallt.

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëlz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

D'Konzept berout op 3 Pilieren:

  • 'De Piwitsch' ass eng Zeitung, déi duerch den Internetsite www.piwitsch.lu ergänzt gëtt.
  • 'De Piwitsch' dokumentéiert d'Medielandschaft a bitt pedagogescht Begleetmaterial fir journalistesch Projeten an der Klass duerchzeféieren.
  • 'De Piwitsch' ass awer och d'Mini-Redaktioun an de Schoulklassen. Hei entstinn Artikelen, Videoen, Stop-Motion-Filmer, Podcasts oder Radioreportagen – vu Kanner fir Kanner –  déi op piwitsch.lu publizéiert ginn.

D'Zeitung gëtt gratis an deene ronn 1.600 Klassen vun den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental verdeelt.

Wat ass de Contenu vum 'Piwitsch'?

An der Zeitung sinn 3 bis 4 méi laang Artikelen, déi sech mat engem bestëmmten Thema beschäftegen. Et ginn och vill kléng Artikelen, zum Beispill zu den Theme Wëssenschaft, Sport, Kachen oder Medieberuffer ugebueden. Donieft sinn awer och Spiller a Rätsel ze fannen.

Den Internetsite bitt méi Informatioune wéi d'Zeitung, hei gi méi laang Artikelen, Videoen oder Radioreportage proposéiert.

Ween ass um 'Piwitsch' bedeelegt?

D''Piwitsch'-Konzept ass am SCRIPT vu fréieren an zum Deel nach aktive Journalistinnen a Journalisten an Zesummenaarbecht mat Kanner, Enseignanteën an Enseignanten an enger Rei vu Partnerinnen a Partner aus dem Educatiounssecteur entwéckelt ginn. D’'Piwitsch'-Ekipp setzt sech zesummen aus dem Nathalie Bender, dem Anina Valle Thiele, dem Claude Karger an dem Francis Verquin.

Am Kader vun der Mini-Redaktioun hunn am Virfeld vum Lancement 4 Schoulklassen (vu Munneref, Klengbetten, Bouneweg an Äischen) aus dem Zykel 4 mat vill Engagement matgemaach. Bei de Mini-Redaktiouns-Projeten ginn d’Kanner gewuer, wéi se no Informatioune sichen, wéi se Informatioune iwwerpréiwen an dann och opbereeden, fir dass anerer se verstinn an noliese kënnen.

Vun der Rentrée am September 2022 un kënnen dann d'Enseignanteën an Enseignanten aus den Zyklen 3 a 4 hir Klass aschreiwen, fir mam 'Piwitsch'-Team zesummen e Mini-Redaktiouns-Projet duerchzeféieren.

'De Piwitsch' ass en evolutive Projet, deen op ass fir Suggestiounen vun der Schoulcommunautéit (Kanner, Enseignanten, Elteren).

Dir hutt Remarken oder Suggestiounen? Da schreift der 'Piwitsch'-Ekipp: team@piwitsch.lu.

 

Ënnert dësem Link kann een sech déi éischt Ausgab vum Piwitsch ukucken.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu