Actualités

D’Orientatioun an der Educatioun am Mëttelpunkt um radio 100,7

D’Orientatioun an der Educatioun am Mëttelpunkt um radio 100,7
02/05/2022

E puer Deeg virun der éischter nationaler Schoulfoire (YEP-Schoulfoire), déi vum 2. bis de 4. Mee an der Luxexpo The Box stattfënnt, stoung beim Webinaire vum SCRIPT a vum radio 100,7 den 28. Abrëll vu 14.30 bis 16.00 Auer d’Orientatioun an der Educatioun am Mëttelpunkt. 

Am Studio waren: 

  • de Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, ee vun den dräi Organisateure vun der Schoulfoire;
  • d’Véronique Schaber, Directrice vun der Formation professionelle am Educatiounsministère a fréier Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers, e weideren Organisateur;
  • de Gil Belling, Präsident vu 'Worldskills Luxembourg', an techneschen Delegéierte fir Lëtzebuerg bei nationalen an internationale Beruffsconcoursen an drëtten Organisateur vun der Schoulfoire;
  • de Romain Nehs, Chef de service de l’enseignement secondaire am Educatiounsministère.

Nieft den Organisateuren vun der Schoulfoire sinn an der Emissioun och eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten zu Wuert komm.

D’Nolauschterer haten d’Méiglechkeet, wärend dem Webinaire hir Froen eranzereechen.

D’Emissioun huet an annerhalwwer Stonn eng Vue d’ensemble iwwer déi éischt national Schoulfoire an d’Orientatioun an der Educatioun gebueden.

Iwwer 850 Enseignanten haten sech um Institut de Formation de l'Éducation nationale (IFEN) ageschriwwen, fir d’Emissioun, déi als Formation continue unerkannt gouf, ze suivéieren.

Et kann een d’Emissioun 'Webinaire: Orientatioun an der Educatioun – en Abléck an déi éischt national Schoulfoire' zu all Moment nach eng Kéier op www.100komma7.lu oder op Youtube a Vimeo kucken a lauschteren .

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu