Actualités

'De Piwitsch' Nummer 2 ass do!

'De Piwitsch' Nummer 2 ass do!
20/06/2022

D'Nummer 2 vun der Kannerzeitung 'De Piwitsch' gëtt dës Woch an deene ronn 1.600 Klasse vun den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental verdeelt.

Op 24 Säite gi spannend Theeme behandelt.

Zum Beispill geet 'De Piwitsch' virun Nationalfeierdag op d’Roll vum Groussherzog an. En interesséiert sech och fir d’Kannerrechter, Déieren a Gefor, d’Sproochen an der Welt a konnt kucken, wéi al Biller Millimeter per Millimeter restauréiert ginn.

E flotte Stop-Motion-Video iwwer déi geféierlech Plastikverschmotzung vun de Mierer huet 'De Piwitsch' zesumme mat der Klass 4.2 vu Klengbetten realiséiert.  

Dës weidere konnt 'De Piwitsch' mam jonke Vëlossportler Niels Michotte iwwer seng bis elo schéinste Course schwätzen, an d’Kulisse vun enger Apdikt kucken, war fréi Moies mat enger Noriichtespriecherin am Studio an huet erausfonnt, wat e Gesetz ass a wéi Päerd viru Millioune vu Joren ausgesinn hunn.  

'De Piwitsch' huet och e Lidd!  Dat kënnt dir ab elo op www.piwitsch.lu lauschteren.

Mellt iech un fir d’Mini-Redaktioun!

Vun der Rentrée am September 2022 un kënnen dann d'Enseignanteën an Enseignanten aus den Zyklen 3 a 4 hir Klass aschreiwen, fir mam 'Piwitsch'-Team zesummen e Mini-Redaktiouns-Projet duerchzeféieren.

Méi Detailer dozou ginn et deemnächst an der Nummer 3 vun der Zeitung an op piwitsch.lu.

Wat ass 'De Piwitsch'?

'De Piwitsch' ass e Konzept fir d'Mediekompetenz vun de Schülerinnen a Schüler aus den Zyklen 3 a 4 vum Enseignement fondamental ze stäerken.

Et geet drëms, fir de Virwëtz an d'Kreativitéit, d'Loscht um Liesen an um Schreiwen, mee virun allem de kritesche Geescht vun de Kanner tëscht 8 an 12 Joer ze fërderen.

D’Léierpersoune kënne ganz gären d’Inhalter vun der Zeitung an dem Internetsite piwitsch.lu notzen, fir aktuell Theemen an der Klass opzeschaffen.

Feedback

'De Piwitsch' ass en evolutive Projet, deen op ass fir Suggestioune vun der Schoulcommunautéit (Kanner, Enseignanten, Elteren).

Dir hutt Remarken oder Suggestiounen? Da schreift der Ekipp op team@piwitsch.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu