Actualités

Groussen Interessi fir de Webinaire 'Léieren dobaussen'

Groussen Interessi fir de Webinaire 'Léieren dobaussen'
15/06/2022

Dee leschte Webinaire, deen de SCRIPT zesumme mam radio 100,7 an dësem Schouljoer organiséiert huet, ass op vill Interessi gestouss: 917 Enseignanteën an Enseignanten haten sech beim Institut de formation de l'Éducation nationale (IFEN) ageschriwwen, fir d’Emissioun 'Léieren dobaussen – d'Ëmwelt als Unterrechtsmaterial' de 14. Juni 2022 vu 14.30 bis 16.00 Auer ze lauschteren.

Invitéeën am Studio waren:  

  • d'Andrea Fiedler, Erzéiungswëssenschaftlerin an am Konzeptteam vun der Initiativ 'Fuerschen Dobaussen';
  • d’Véronique Kohnen, Enseignante an den Zyklen 2 bis 4 an am Konzeptteam vun der Initiativ 'Fuerschen Dobaussen';
  • d’Renée Fretz, Enseignante am Zykel 1 zu Wolz;
  • de Pit Mischo, Ex-Schoulmeeschter a Grënner vun der Naturschoul Lasauvage.

Si hunn an der Emissioun, déi vun der Journalistin Christiane Kleer vum radio 100,7 moderéiert gouf, iwwer hier Erfarunge geschwat, wéi ee Wëssen am regulären Unterrecht och ausserhalb vum Klassesall ka vermëttelen.

An d’Emissioun goufen och eng Rei Interviewe vun aneren Experten eragespillt.

D’Nolauschterer konnte Froen eramailen oder iwwer WhatsApp stellen.

Déi ganz Emissioun gouf opgeholl. Wee wëll, kann se zu all Moment lauschteren a kucken. Entweder op Youtube oder op Vimeo. D’Emissioun fënnt een och op www.100komma7.lu.

An dësem Schouljoer hunn d’Webinaire vum SCRIPT a vum radio 100,7 sech nieft dem Thema 'Léieren dobaussen' och mat ADHS, dem Museksunterrecht, der Alphabetiséierung an der Orientatioun an der Educatioun befaasst.

All déi Emissioune fënnt een op Youtube oder Vimeo erëm. Kuckt och op www.script.lu an op www.100komma7.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu