< retour
De 29. September 2022 ass den zweeten nationale ‘Sustainable Entrepreneurial School’-Dag am Forum Geesseknäppchen a Presenz vum M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum M. Lex Delles, Minister fir Mëttelstand an Tourismus.
D’Evenement riicht sech un d’Lycéesdirektiounen, Coordinateuren/ Coordinatricen, interesséiert Léierpersounen, involvéiert Schüler/ Schülerinnen an extern Partner.
Am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial School' engagéieren sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen. De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen/ Labelen erreechen.