Actualités

En Dag am Zeeche vum Entrepreneuriat

En Dag am Zeeche vum Entrepreneuriat
06/10/2022

Den 29. September 2022 huet de SCRIPT den zweeten nationale 'Sustainable Entrepreneurial Schools'-Dag organiséiert.

Ugefaangen huet den Dag mat engem Meet and Greet, bei deem d'Partner vum Projet sech konnte mat den 18 Lycéeën, déi momentan um Projet deelhuelen, austauschen an Aktivitéite fir dat neit Schouljoer zesumme plangen.
Fir Schülerinnen a Schüler gouf et iwwerdeems e Mini-Hackathon, bei deem se hier Kreativitéit an hiren Entrepreneursgeescht konnten ënner Beweis stellen.

Um Owend war dann de méi feierleche Moment fir déi 16 Schoulen, déi a Präsens vum M. Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum M. Yves Karier, Vertrieder vum  Minister fir Mëttelstand an Tourismus fir hier Aarbecht am Schouljoer 2021-2022 belount goufen.

Ausgezeechent goufen d'Lycéeë fir hiren Engagement op dräi verschiddenen Niveauen:

Niveau 1: Start Up

  • École Internationale Mersch Anne Beffort
  • Lycée de Garçons de Luxembourg
  • Lycée Nic Biver
  • Lycée Technique Agricole
  • Maacher Lycée

Niveau 2: Entrepreneurial Progression

  • École Privée Marie Consolatrice
  • École Privée Fieldgen
  • Lycée Robert Schuman
  • Lycée Technique d‘Ettelbruck
  • Lycée Technique de Lallange
  • Lycée Technique de Bonnevoie
  • Lycée/International School Michel Lucius

Niveau 3: Entrepreneurial Culture

  • Atert Lycée Redange
  • École de Commerce et de Gestion
  • Lycée Aline Mayrisch
  • Lycée Classique Echternach

Den offiziellen Deel vum Owend gouf duerch Interventioune vun de Schüler Loic Hoffarth a Leo Gehlen ofgeronnt, déi iwwert hier Erfarungen am Projet geschwat hunn.

Ausserdeem huet de M. Luc Weis, Direkter vum SCRIPT den Hackathon 'Le futur de l’éducation' ugekënnegt, deen de 14. November 2022 an der House of Startups stattfënnt.

 

'Sustainable Entrepreneurial Schools'

Am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' engagéieren sech Lycéeën fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier ze liewen. De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet dräi verschidden Niveauen/ Labelen erreechen.

De Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' gëtt vum Educatiounsministère a Kollaboratioun mat der Mëttelstandsdirektioun an dem Gestionnaire Jonk Entrepreneuren asbl. gedroen. Méi Informatiounen zum Projet fënnt een um Internetsite www.entrepreneurship.lu.

 

 

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu