Actualités

Ouere gespëtzt: de SCRIPT an der Kannerkëscht um 100,7

Ouere gespëtzt: de SCRIPT an der Kannerkëscht um 100,7
03/10/2022

Zanter der Rentrée bitt de radio 100,7 op sengem Internet-Site (wgl. ënnert dësem Link de Suchbegrëff "Kannerkëscht" aginn) an a senger App d’'Kannerkëscht'.

An dëser Audiothéik si Lauschtergeschichten op Lëtzebuergesch fir Kanner vun 3 bis 6, vu 7 bis 9 a vun 10 bis 12 Joer ze fannen.

De SCRIPT huet déi lescht Saison all Woch e Bäitrag an der 'Kannerkëscht' um radio 100,7 geleescht. Dunn huet et nach 'Kannereck' geheescht, a war un sech eng Weiderféierung vun der Zesummenaarbecht vum SCRIPT mam radio 100,7 wärend der Pandemie.

Elo huet de SCRIPT also och weiderhin all Woch eng Plage an der 'Kannerkëscht', wou Kanner an Elteren iwwert spannend Projet’en a Méiglechkeeten di bannent dem SCRIPT entstinn oder scho lafen informéiert ginn.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu