Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum drëtte CoLab-Workshop ass online

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum drëtte CoLab-Workshop ass online
19/10/2022

Den drëtte CoLab-Workshop ‘Kleng a grouss Iwwergäng an der Schoul' huet den 21. Abrëll 2022 en présentiel um eduPôle Walferdange an de 26. Abrëll 2022 online iwwer Teams stattfonnt.

Ronn 125 Participanten aus dem Bildungsberäich hunn a véier verschiddenen Atelieren iwwert déi ënnerschiddlech Iwwergäng an/ vun der Schoul diskutéiert, dëst am Kader vum Projet 'Plan d’études 2025'. De Workshop gouf vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert.

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass de Rapport vun den Diskussiounen elo um Internetsite Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link zougänglech ass.

De Rapport ass eng Bestandsopnam vum CoLab-Workshop a gëtt d’Aussoe vun de Participanten erëm. Dëse Rapport an déi zukünfteg Rapporten wäerten eng essentiell Basis sinn, op där d’Reflexioune ronderëm en neie Plan d’études wäerte gefouert ginn.

An der separater Annexe, déi Dir zousätzlech zum Haaptdokument fannt, sinn d’Aussoen vun de Participanten onverschafft festgehalen.

Weider Informatioune ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu