Actualités

De SCRIPT an den ZLS publizéieren eng Schouleditioun vum 'Reenert'

De SCRIPT an den ZLS publizéieren eng Schouleditioun vum 'Reenert'
02/11/2022

Fir den 150. Anniversaire vun der éischter Publikatioun vum Michel Rodange sengem Meeschterwierk 'Reenert' hunn de SCRIPT an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesummen eng nei Schouleditioun opgeluecht. Si baséiert op dem Originaltext vun 1872, deen an déi haiteg Orthografie gesat gouf.

Am Buch fënnt een och zwee grouss Essayen: deen ee setzt sech mat der Biografie vum Auteur auserneen an deen anere mat der Déierefabel als literarescht Instrument fir Gesellschaftskritik.

Déi 14 Gesäng ginn allkéiers vun engem Commentaire ergänzt, deen den historeschen a politesche Kontext vun der Zäit beliicht. Doriwwer eraus ginn eng 900 Wierder, déi haut net méi jiddwerengem geleefeg sinn, erkläert. Last not least gëtt all Gesank ageleet vun enger fuschneier Illustratioun, déi déi jonk Lëtzebuerger Kënschtlerin Mia Kinsch realiséiert huet.

Net ze vergiessen: De Reenert schwätzt elo och Englesch. De Jeff Thill huet dem Fuuss seng Geschichten am Shakespeare seng Sprooch iwwerdroen. Dës zweesproocheg Editioun kann een als PDF-Dokument op heydoo.lu ënnert dësem Link eroflueden.

An der Serie 'Lëtzebuerger Wuertschatz', déi vum ZLS a vum SCRIPT editéiert gëtt, kënnt ganz geschwënn de véierte Band eraus: 'Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert'.

Colloque 'Reenert'

De 'Reenert' steet och am Mëttelpunkt vun engem Colloque, deen de SCRIPT an den ZLS, an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den 18. November 2022 am Kader vun de Walfer Bicherdeeg um eduPôle zu Walfer organiséieren. Do kommen ënner anerem d'Auteuren, déi un der neier Schouleditioun vum 'Reenert' matgeschafft hunn, zu Wuert.

Weider Informatiounen zu dësem Evenement fënnt een um Internetsite vum Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch ënnert dësem Link.

D’Participatioun ass gratis, eng Umeldung ass erwënscht iwwer Mail op lux@men.lu. Et kann een awer och de Livestream op www.rtl.lu kucken.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu