Actualités

Entrepreneurship an de Schoulen

Entrepreneurship an de Schoulen
28/11/2022

Vum 21. bis den 22. November 2022 war eng Delegatioun vum SCRIPT um gréissten europäeschen 'Entrepreneurship Education Summit' zu Wien.

Lëtzebuerg an Éisträich schaffe scho säit ville Joren am Beräich vun der entrepreneurialer Educatioun zesummen. Vertrieder vu béiden Natioune gesinn sech reegelméisseg fir sech auszetauschen an nei Denkustéiss ze diskutéieren. Éisträich ass eent vun de féierende Länner an Europa wat d’entrepreneurship educatioun ugeet.

Diskussiounspunkten dëst Joer ware virun allem eng Kooperatioun am Kader vun den Debattéierclibb, déi an Zukunft och de Lëtzebuerger Lycéeë sollen zur Verfügung gestalt ginn.

Den Debattéierprojet, deen am Concours-Format ausgeriicht gëtt, leeft an iwwer 70 Lycéeën an Éisträich. All Joer ginn am Mee déi national Meeschterschaften zu Wien ausgedroen.

Dës Form vun Debattéierkultur als Challenge soll fir d’Rentrée 2023-2024 och zu Lëtzebuerg nach méi verstäerkt an de Fokus gestallt ginn.

Donieft gouf en Ausbléck ginn, wéi d’Thematik vun dem Entrepreneurship (respektiv positiver Psychologie) ab der Rentrée 2023-2024 an Éisträich fest als transversaalt Theema am nationale Curriculum verankert ass. Aus deem Grond konnte vill hëllefräich Informatioune gesammelt ginn, fir d’entrepreneurship educatioun och zu Lëtzebuerg nach méi transversal ze denken.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu