Actualités

Gewënner vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge'

Gewënner vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge'
08/11/2022

Déi 8. Oplag vum 'MathleTIC Kapprechnen-Challenge' gouf vum 12. Oktober um 8:00 Auer bis de 14. Oktober 2022 um 16:00 Auer organiséiert.

Am Ganzen hunn 2.357 Schüler aus 396 Klasse matgemaach an insgesamt 2.744 Stonne Kapprechnunge geléist.

163.727 Stären an 48.992 Medaile goufen am Ganze gesammelt, wat een absolutte Rekord ass!

All Klass, déi matgemaach huet, kann hire Certificat fir d’Klass selwer eroflueden an d’Kapprechnen-Moduler bleiwen no dem Challenge fir all Schüler zougänglech. D'Gewënnerklasse kréien an den nächsten Deeg hir Cadeaue per Post.

Hei ee klengen Iwwerbléck vun de Performancen:

  • #1 Cycle 3: D’Klass schléifreg Schaarschtechschmuebel huet ee Score vu 14.738 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle 3: D’Klass Wir sind keine Profis huet ee Score vun 13.818 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle 3: D’Klass starke Leoparden huet ee Score vun 13.537 Punkten erreecht.
  • #1 Cycle 4: D’Klass Stengeforter Fiiss huet ee Score vun 29.362 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle 4: D’Klass Ëlwenter Levelrenner huet ee Score vun 28.975 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle 4: D’Klass -=<[ℕǞℇℛ乙Ⓖ@Ꮹ€尺]>=- huet ee Score vun 28.871 Punkten erreecht.
  • #1 Voie de préparation: D’Klass Doughnut huet ee Score vun 1.095 Punkten erreecht.
  • #1 Cycle inférieur: D’Klass LNB-6G4 huet ee Score vu 26.845 Punkten erreecht.
  • #2 Cycle inférieur: D’Klass pénktlecht Enkelkand 2 huet ee Score vu 26.571 Punkten erreecht.
  • #3 Cycle inférieur: D’Klass prachtvolle Carrossier huet ee Score vu 19.603 Punkten erreecht.

 

Am 'Kapprechnen-Challenge' geet et dorëms, fir Kapprechnungen an de véier arithmeteschen Operatiounen ze léisen, an esou vill Stären a Medailen ze sammele wéi méiglech.

Dësen Challenge gouf iwwer www.mathematic.lu proposéiert a war zougänglech fir sämtlech Klasse vum Cycle 3, Cycle 4, vun der Voie de Préparation a fir d’classes inférieures vum Enseignement secondaire.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu