< retour
De 29. November 2022 vu 14:00 bis 15:30 Auer ass de Webinaire 'Kommunikativ, kollaborativ, kreativ a kritesch denkend – den Entrepreneursgeescht an der Educatioun' vum SCRIPT a vum radio 100,7 ze héieren.
„An der Schoul léiert ee fir d'Liewen“ - mä wat brauch een u Léierstoff fir e Liewen an enger Zukunft, vun där mir haut nach wéineg wëssen, wéi se wäert ausgesinn?
Am Bildungswiese geet zanter geraumer Zäit riets vum Léiermodell vun de '4K', de véier Kompetenzen Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit a kritescht Denken.
Dat aktiivt Fërdere vun dëse Kompetenze weist sech hautdesdaags an der Educatioun ënner anerem an de Coursen a Projete ronderëm den Entrepreneurship. Dobäi sollt een de Begrëff 'Entrepreneurship' an dësem schoulesche Kontext lassgeléist vun der reng wirtschaftlecher Iddi an dem Terme verstoen, mee villméi als pedagogesch-didaktesche Kader, an deem d‘4K-Kompetenzen aktiv ugewannt kënne ginn.
Am nächsten 100,7-Webinaire 'Kommunikativ, kollaborativ, kreativ a kritesch denkend – den Entrepreneursgeescht an der Educatioun' gi Formatiounen an Initiative virgestallt, déi d’Wichtegkeet vum Entrepreneuriat an de 4K an de Schoulen an de Fokus réckelen.
Wat bedeit Entrepreneurship an dësem Kontext? Wéi profitéiere Schülerinnen a Schüler vun dëser Approche? Wat brauchen Enseignanteën an Enseignante, fir sech op dëse Bildungswee kënnen anzeloossen, a sou den Transfert vum Wëssen ze erméiglechen? Am Webinaire geet riets iwwer déi néideg Kompetenze fir d'Zukunft, a wat jonk Mënschen haut musse mat op de Wee kréien, fir d'Entreprise vun hirem Liewe gutt kënnen ze féieren.