Actualités

Save the date: 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung'

Save the date: 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung'
14/12/2022

Déi 4. Editioun vun der 'Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE)', gëtt den 20. Abrëll 2023 am Forum Geesseknäppchen vum SCRIPT, der Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable organiséiert.

De ganzen Dag iwwer wäert den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an ONGen am Virdergrond stoen, sief et duerch Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren am Beräich vun der nohalteger Entwécklung ubidden, duerch zertifiéiert Weiderbildungen, oder awer och – nei dëst Joer – duerch Austausch-Atelieren, an deenen Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn.

An dësem Kader bidde mir och Iech d’Méiglechkeet, Är interessant Initiativen a Projeten am Beräich vun der Bildung fir Nohaltegkeet virzestellen.

Falls Dir wëllt aktiv ënnert där enger oder anerer Form un der 'BNE'-Foire 2023 deelhuelen, dann deelt ons wgl. Är Intentioun per Forms bis spéitstens den 31. Dezember 2022 mat.

Fir weider Froe kënnt Dir Iech un foire@bne.lu wenden.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu