Actualités

'Virliesconcours 2023': Gléck

'Virliesconcours 2023': Gléck
06/12/2022

Dëse Concours, dee sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 riicht an dee vum Educatiounsministère/ SCRIPT organiséiert gëtt, leeft am Joer 2023 fir d'18. Kéier.

Fir 2023 gouf dat heitent Thema erausgesicht:

Gléck

Gléck ass eppes, wat mir eis all wënschen.

Et fält eis awer dacks schwéier, dee Begrëff ze definéieren: Bedeit Gléck fir jiddereen dat selwecht? Ass et anescht fir eng Persoun, där et ëmmer gutt geet, wéi fir e Mënsch, deen dauernd schéngt Pech ze hunn?

Kënne mir eisem Gléck oder deem vun aneren nohëllefen oder beneide mir een alt emol ëm säi Gléck?

Wat heescht eigentlech glécklech sinn a wéi spiert sech Gléck un? Wéini a mat wiem si mir glécklech?

Dëse vasten Thema kënnt a ville Kannerbicher, a Klassiker wéi och an neie Bicher, vir. Dacks ass net onbedéngt ee ganzt Buch zum Thema, mee just eng Zeen, déi ronderëm Gléck oder Ongléck dréint. D’Schülerinnen an d’Schüler wäerte sécher interessant Texter dozou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen. 

  • De 'Virliesconcours' gëtt, wéi déi lescht Joren och, an der Challenge-Variant organiséiert.
  • Et gëtt dëst Joer erëm eng Finall mat Publikum, an zwar de 27. Juni 2023 am Ariston zu Esch.
  • An der Broschür ënnen op der Säit gëtt den Oflaf vum Concours méi am Detail beschriwwen.
Fichiers à télécharger

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu