Actualités

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum zweete CoLab-Workshop 'Méisproochegkeet' ass online

Projet 'Plan d’études 2025': De Rapport vum zweete CoLab-Workshop 'Méisproochegkeet' ass online
12/01/2023

Den zweete CoLab-Workshop 'Méisproochegkeet: Eng Realitéit an eiser Schoul' huet den 15. Mäerz 2022 online iwwer Teams an den 17. Mäerz 2022 en présentiel um eduPôle Walferdange stattfonnt.

Ronn 140 Participanten aus dem Bildungsberäich hunn a véier verschiddenen Atelieren iwwert ënnerschiddlech Aspekter vun der Méisproochegkeet diskutéiert, dëst am Kader vum 'Projet Plan d’études 2025'.

De Workshop gouf vun der Division du développement du curriculum vum SCRIPT encadréiert.

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, dass de Rapport vun den Diskussiounen elo um Internetsite Curriculumsdivisioun ënnert dësem Link zougänglech ass.

De Rapport ass eng Bestandsopnam vum CoLab-Workshop a gëtt d’Aussoe vun de Participanten erëm. Dëse Rapport an déi zukünfteg Rapporte wäerten eng essentiell Basis sinn, op där d’Reflexioune ronderëm en neie Plan d’études wäerte gefouert ginn.

Weider Informatioune ronderëm de Projet fannt Dir ënnert dësem Link.

Zéckt net, déi zoustänneg Equipe bei Froen ze kontaktéieren: curriculum@script.lu.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu