Actualités

Präisiwwerreechung vum 'Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022'

Präisiwwerreechung vum 'Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022'
04/05/2023

De 25. Abrëll 2023 war déi offiziell Präisiwwerreechung vum éischten nationale 'Kanner-a Jugendliteraturpräis' op der 'D’YEP-Schoulfoire'.

Dëse Literaturpräis, deen ab 2022 all Joer vum SCRIPT organiséiert gëtt, ass Deel vun den Initiativen, déi d’Lëtzebuerger Sprooch an der Grondschoul an am Lycée fërdere sollen. An deem Sënn sinn Texter ausgezeechent ginn, déi an educatiounsrelevante Kontexter genotzt kënne ginn.

No enger Aféierung iwwert d’Wichtegkeet vun dësem nei kreéierte Präis vum Präsident vum Jury, dem Här Luc Weis, goufen d’Gewënner vum 'Kanner-a Jugendliteraturpräis 2022' ausgezeechent.

De Gewënner vum Kanner- a Jugendliteraturpräis ass de Jhemp Hoscheit mat sengem Text 'Kéipercher'. D’Laudatio fir de Jhemp Hoscheit gouf vum Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dem Här Pierre Reding gehalen.

Donieft goufe vum Jury dräi Texter zeréckbehalen, déi a Publikatioune vum SCRIPT iwwerholl wäerte ginn, ënner anerem am Reader fir de Lëtzebuergeschcours vun der 4ième.

Dëst sinn:

  • 'Gespréicher iwwert de Luca' vum Jhemp Hoscheit
  • 'D’Liewen ass ze haart, wann s du ze karamëll bass' vum Claudine Muno; dësen Text gouf dem Public vum fréiere Kommissär vun der Lëtzebuerger Sprooch, dem Här Marc Barthelemy presentéiert
  • 'Den Ufank' vum Fabienne Faust, dee vum Luc Belling aus dem SCRIPT virgestallt gouf

 

Dëst waren d'Membere vum Jury vum 'Kanner-a Jugendliteraturpräis 2022': M. Luc Weis (Präsident vum Jury), Mme Nathalie Jacoby, Mme Francine Vanolst, Mme Sandra Da Silva, M. Sébastian Thiltges, M. Luc Belling.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu