Actualités

Andréck vum grousse 'Clever Move'-Dag

Andréck vum grousse 'Clever Move'-Dag
12/06/2023

Am Kader vun der éischter 'Nationaler Beweegungswoch' gouf de 7. Juni 2023 um Institut national des sports (INS) de grousse 'Clever Move'-Dag vum SCRIPT zesumme mam Sportsministère organiséiert.

30 Cycle 3-Klassen aus de 15 Regionaldirektiounen hunn e ganzen Dag zesumme verbruecht. Si haten d’Méiglechkeet, ënnerschiddlech Sportaarten auszeprobéieren a bei enger ganzer Rei Beweegungsateliere matzemaachen.

Mat Hëllef vu ville Sportsfederatiounen, der LASEP, Restopolis, a virun allem och dem Sportslycée konnten déi iwwer 500 Jugendlech ganz Ënnerschiddleches ausprobéieren; ugefaange mat méi onbekannte Sportaarte wéi dem Capoeira, iwwer verschidde Ballsportaarten, dem Danz, dem Rugby an dem Vëlo, hin zu villen Aktivitéiten, déi si och an hiren normale Schoulalldag an de Klassesall kënnen abauen.

Déi Jugendlech haten de ganzen Dag bei perfektem Wieder vill Spaass a konnten sech gutt auspoweren. Mir freeën eis schonn op d’Editioun 2024!

 

Eng Woch am Zeeche vun der Beweegung

D’'National Beweegungswoch' ass den Nofollger vum 'Schoulsportdag', deen an de Grondschoule säit ville Jore bekannt ass. Dësen Nofollgerprojet, bei deem nach méi d’Beweegung an net direkt de Sport an der Vitrinn steet, huet sech iwwer eng ganz Woch (vum 5. bis de 9. Juni 2023) gestreckt, fir all interesséierter Schoul a Klass den néidegen zäitleche Sputt ze loossen, fir matzemaachen.

Heifir gouf vum SCRIPT a senge Partner eng grouss Panoplie vu Prinzippien, Aktivitéiten a Rotschléi ausgeschafft.

Iwwert den neie Site www.beweegung.lu konnten a kënnen d’Schoulen, gestaffelt no Cycle an Theemeschwéierpunkt, Aktivitéite fannen, déi se an där Woch (an natierlech doriwwer eraus) kënnen ausprobéieren.

Fannt hei e puer Andréck an Erklärungen zu der 'Beweegungswoch' an dem 'Clever Move'-Dag.

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu