Actualités

D’Manon Guinaudeau ass d’Gewënnerin vun der 18. Editioun vum 'Virliesconcours'

Virliesconcours
28/06/2023

Am Ariston, dem ale Kino zu Esch-Uelzecht, deen elo en Deel vum Escher Theater ass, hunn sech de 27. Juni 2023 am Nomëtteg déi 15 Finalistinnen a Finaliste vum 'Virliesconcours' getraff.

Dës Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4 vum Enseignement fondamental, 4 Jongen an 11 Meedercher, haten sech ënnert méi wéi 4.600 Participanteën a Participanten am ganze Land qualifizéiert, fir an d’Finall ze kommen an en Text iwwer d’'Gléck', d'Theema vun dëser 18. Editioun vum 'Virliesconcours', ze presentéieren.

D’lokal Selektiounen, vun den Enseignanten an de Schoulbibliothecairen organiséiert, hu fir d'éischt op Klassenniveau stattfonnt, duerno op Schoulniveau. Doropshi gouf eng Audiodatei vun all eenzel vun de 95 Schoulgewënnerinnen a Schoulgewënner an de SCRIPT geschéckt. Eng intern Jury huet dunn déi 15 Finalistinnen a Finalisten ausgewielt.

Ënnert de Finalistinnen a Finalisten haten sech néng fir Däitsch a sechs fir Franséisch entscheet. Si hunn en Extrait vun hirem Choix an duerno en onbekannten Text an där Sprooch virgelies. Déi onbekannt Texter koumen aus dem Buch 'Elefantensommer : ein 2 ½ Tonne schwerer Grund, morgens aufzustehen' vum Holly Goldberg Sloan an aus 'Dix petites chances' vum Janice Erlbaum.

De Concours gouf gewonne vum Manon Guinaudeau aus der Grondschoul vu Biissen, mat engem Extrait aus dem Buch 'Calpurnia' vum Jacqueline Kelly. D’Gewënnerin huet de Jury och iwwerzeegt, wéi hatt den imposéierten Text aus 'Dix petites chances' gelies huet.

Kulturell Ënnerhalung tëscht de Liesunge gouf vun der Projetsekipp mimamu.lu gebueden. Si hunn e 'Choraoke' proposéiert: et ass dëst eng Aart Karaoke, bäi där de Public mat de Museker op der Bün Lidder séngt, wärend den Text a rhythmesch Symboler op engem groussen Ecran presentéiert ginn. D’Leit am Sall hu mat grousser Begeeschterung matgemaach.

D’Nathalie Bender, Mataarbechterin vum SCRIPT a laangjäreg Radiomoderatrice, huet de Public – Klassekomerodinnen, Klassekomeroden a Famill vun de Finalistinnen a Finalisten – duerch dëse liewegen Nomëtteg gefouert, bäi deem d’Genéisse vum Liesen an Nolauschteren um Rendezvous waren.

Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren: Zoé Assel, Leo Bangnowski, Esther Dayan, Viola De Meester, Agathe Grosjean, Finn Guden, Manon Guinaudeau, Eugénie Jacque, Lenie Keilen, Naida Kocan, Issey Leroux, Li Meyers, Mathilde Morin, Philip Ronkar a Michelle Serres

All Finalistin a Finalist krut e Buch an e Bicherbong als Präis. D’Gewënnerin krut e Bong vun enger Librairie fir e méi héije Betrag.

Den Escher Theater an de SCRIPT hunn duerno e Patt an e klenge Maufel zum Beschte ginn.

An der Jury waren: den Yves Ciaffone (Regionaldirekter am Fondamental), d’Anne Diderich (Libraire), de Claude Karger (Coordinateur fir Medieprojete beim SCRIPT), d’Carole Lorang (Direktesch vum Escher Theater) an d’Irène Petesch (Enseignante a Schoulbibliothecaire).

De Virliesconcours gëtt all Joer am Kader vun der Liesfërderung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) organiséiert. E riicht sech un d’Schülerinnen an d’Schüler aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul.

Den Interview mam Manon Guinaudeau fannt Dir op piwitsch.lu ënnert dësem Link.

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu