Actualités

Formatioun 'makedra.lu a menger Klass'

Formatioun 'makedra.lu a menger Klass'
29/06/2023

De SCRIPT-Projet 'makedra (Maach (k)een Drama)' huet an dësem Schouljoer 2022-2023 dräi weider IFEN-Formatiounen am theaterpedagogesche Beräich ugebueden.

'makedra.lu a menger Klass' wëll sou d’Léierpersonal fir d’Enseignéiere mat Hëllef vun Theaterpedagogik encouragéieren, fërderen a motivéieren a proposéiert heifir ganz praktesch Outilen, Übungen a Spiller fir an der Klass.

Duerch eng flott a wäertvoll Zesummenaarbecht mat de Kulturhaiser, war et 'makedra' dëst Joer méiglech, seng Formatiounen am Süden, am Zentrum an am Norden ubidden ze kënnen an iwwert dee Wee nach méi Léierpersonal erreechen ze kënnen.

D’Büne vum Aalt Stadhaus (Déifferdeng), vum Cube 521 (Maarnech) a vum Mierscher Kulturhaus (Miersch) hunn et de Participanten erlaabt, ee flotten an authenteschen  Theatermëtten ze verbréngen a verschidde Facettë vun dëser Offer vum SCRIPT aktiv ze erliewen a kennenzeléieren.

Eng ronn 50 Participanten hunn un der Formatioun deelgeholl, sech ausgetosch a nei Iddie kritt fir d’theaterpedagogesch Materialien am Schoulalldag unzewenden a sou de Schüler a Schülerinnen  hier Kompetenzen ze stäerken.

An dësem Video fannt dir e puer Impressioune vun de Formatiounen.

 

 

Contact

  • 33, Rives de Clausen
    L-2165 Luxembourg
    Luxembourg
  • T. (+352) 247-85187
    Helpline : 8002 9090
    secretariat@script.lu
  • Contact presse: Myriam Bamberg
    T. (+352) 247-85252
    press@men.lu